Berlin 2017 – Lehmskulpturen
Vum 1. August bis den 31 August 2017
Bei dësem Projet kënnen 3 Jonker op Berlin fueren, fir an engem grousse Fräizäit a Familjepark (FEZ) während 4 Wochen zwou grouss Lehmskulpturen ze bauen.
Dir musst alles selwer maachen: e Lach gruewen, d’Fëllement bauen, de Lehm preparéieren, d’Skulpture bauen – dir kritt dobäi awer vun enger Kënschtlerin gehollef.
Si begleet iech déi ganzen Zäit a weist iech wéi dir zu engem gudde Resultat kommt.
An ärer Fräizäit kënnt dir Berlin entdecken.
