Atelier Découverte – “Locker vum Hocker”
Zesummen mat dem Kënschtlergrupp DKollektiv fënnt dëse neien Atelier vum Service national de la Jeunesse am September zu Diddeleng statt.
Du hues hei d’ Méiglechkeet ënnert der Uleedung vu Kënschtler aus dem DKollektiv:
- 4 verschidden Atelieren (Metall, Holz, Foto, Serigraphie) ze entdecken
- en eegenen Hocker ze entwerfen
- Traditionell Techniken mat kreativen neien Iddien auszeprobéieren
Fir ween?
- Jonker tëschent 16-29 Joer
- dei weder an enger Schoul ageschriwwe sinn, nach an engem Aarbechtsverhältnis sinn
- dei zu Lëtzebuerg eng offiziell Residenz hunn
Wéini?
- 13-15.09.2017,
- 20-22.09.2017,
- 25-27.09.2017
Wou?
- Zu Diddeleng um Site vum Laminoir, route de Thionville, L-3475 Diddeleng (Industriegebai hannert dem Skate Park)
Aschreiwung?
- No der Informatiounsversammlung Mëttwochs, de 06.09.2017, um 14h00
Kontakt & Infos?
- Per Telefon um 621 37 75 74