Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Generation €uro Students’ Award

Zeréck goen 

Kuerz Beschreiwung

De Concours “Generation €uro Students’ Award” riicht sech un d’Schüler vun de Lycéeën, déi tëscht 16 an 19 Joer al sinn, sech fir Ekonomie an d’Roll vun den Zentralbanken interesséieren.
De Concours gëtt an Teame vun dräi bis fënnef Schüler gespillt, déi vun engem “Coach” Enseignant encadréiert ginn. D’Participatioun ass méiglech op Franséisch oder Englesch. Eemol ugemellt, kënnen d’Equipe un der éischter Ronn deelhuelen, en Online-Quiz vun 30 Froen, an dëst bis Enn November 2023.
Déi bescht Équipë um Enn vun dësem Test qualifizéieren sech fir den zweeten Test. Bis Mäerz 2024, gi se schrëftlech eng wärungspolitesch Decisioun eran, déi op enger Analyse vun der wirtschaftlecher Situatioun an der Eurozon baséiert. Déi dräi bescht Equippen um Enn vun dësem zweeten Test huelen un der Finale deel, déi am Mäerz oder Abrëll 2024 stattfënnt. An dëser, mussen si virun enger Jury vun BCL Experten d’Grënn erklären, déi hir wärungspolitesch Entscheedunge motivéiert hunn.
All Studenten, déi un der Finale vum Concours deelhuelen, gi mat Präisser belount, dorënner Cashpräisser an numismatesche Kaddoen. Si kréien e Certificat an och d’Méiglechkeet e Summerstage an der BCL ze maachen. D’Gewënner-Equipe gëtt op eng Rees op Frankfurt invitéiert, wou si ënner anerem d’Europäesch Zentralbank besiche kënnen. Eng Informatiounsversammlung vum Concours “Generation €uro” gëtt organiséiert an der BCL op 2 boulevard Royal, Donneschdes de 26. Oktober vu 14:00 bis 16:00 Auer.